Eis Athleten loossen d’Saison ausklengen
E puer vun eisen Athleten hunn nach net genuch. Si sinn och nom Championnat nach hongreg no Beschtleeschtungen a maachen nach e puer Meetinger mat.
Esou hunn eis Langstrecke Leefer der Hëtzt getrotzt an sinn de 15.8 um Äichdall Trail matgelaf.
Hei hir Resultater.
Enn August sinn d’Lilly an d’Nadine um Diskusabend zu Überherrn gestart. Alle beid hunn nei Beschtleeschtung gehäit (41m72 – Nadine an 40m82 – Lilly) a konnten sech zesummen iwwer den eischte 40m Worf freeën.
Hei hir Resultater.