Hiescht: Fir déi eng de Closing, fir déi aner den Opening

Wärend déi eng nach Paus maachen oder schonn am Opbau sinn, schléissen Anerer grad hir Saison of, an nach Anerer starten an d’Cross/Trail Saison eran.
Esou sinn d’Jennifer Chaussy an d’Claire Hagen de Sonnden, 22.10 um Ploschterprojet Trail matgelaf. Si sinn no 12km an 1:17:22 Stonnen, bspw 1:17:25 Stonnen an d’Zil komm.

Parallel war zu Zéisseng de Season closing Werfermeeting. Hei ware mam Gilles Lorang, Tom Habscheid an Annette Kohl dräi CAD Athleten am Krees an Aktioun.
Diskus:
Tom – 37m01 an Annette – 16m61

Hummer:
Gilles – 41m90 an Annette – 23m41

Gewiicht
Annette – 9m92