Interclub eemol anescht : „Leben wie im Süden“ 

Och dëst Joer war den CAD erëm beim Interclub vun den Diddelenger Veräiner dobäi.
No enger Paus am leschte Joer an dräi Victoiren an de Jore virdrun, war d’Missioun kloer: Titelverdeedegung – dës Kéier mat enger neier, jonker Equipe.
Um Enn ass eng super zweet Plaz erausgesprongen. Gléckwonsch dem Klenge Stemmveräin fir hiren Erfolleg – et war alt erëm eng spannend Finale géint iech.

Merci och der Gemeng fir d’Organisatioun, eise Supporter fir d’Uféieren an den aneren dräi Veräiner déi deelgeholl hunn

  • Judo Diddeleng
  • Dëschtennis Diddeleng
  • CNDu

Et war eis wéi ëmmer eng Freed, bis nächste Kéier, wa mir probéieren eisen Titel zeréckzegewannen !