Jean Lorang
Den CAD huet e Samschdeg 14.01.2023 an de fréie Moiesstonnen ee vu sengen treisten an engagéiertste Membere verluer. De Lorang’s Jang huet säi leschte Kampf verluer, an huet eis fir ëmmer verlooss. Wann een de Veräin als Haus betruecht, dann huet de Jang sécherlech dat ganzt, oder zumindest e groussen Deel vum Fundament duergestallt. Zanter de 60er Joere war hien ouni Ënnerbriechung am Veräin aktiv, als Athlet, a kuerz duerno, ab 1969, als Offiziellen, a spéiderhin a weideren administrative Funktiounen, an natierlech och am Comité. Vun Ufank u war de Jang eng dreiwend Kraaft am CAD, an de Gros vun den haitegen Trainer, Athleten, Jugen, Supporter an all aner Memberen hunn den CAD ni ouni de Jang kannt. Hien huet de Veräin säit iwwert 50 Joer virbildlech gepräägt, an och aus der grousser Famill vun der Liichtathletik war de Jang net ewech ze denken.
De Jang gouf och e puer Mol fir säin onermiddlechen Asaz als Benevole belount: https://www.ondiraitlesud.lu/jean-lorang-et-le-ca-dudelange/ an https://www.wort.lu/de/sport/jean-lorang-der-freiwillige-des-jahres-im-bereich-sport-526fd0fbe4b0c9544cde9eed
Dem Danielle, dem Thierry, dem Gilles an der ganzer Famill dréckt den CAD säin allerdéifst Matgefill aus. De Jang wäerte mer ni vergiessen, mä ëmsou méi vermëssen!
Jang, d’CAD Athleten widmen dir hir Indoor Saison:
Mir laafe FIR DECH.
Mir sprange FIR DECH.
Mir werfe FIR DECH.