News
Wann Héichsprénger um Dräisprong starten a Werfer 100m lafen, dat ass Interclub. Mir hunn en ereignisräiche Weekend hannert eis, mat enger Partie gudder Leeschtungen, mee leider och kuerzfristegen Ausfäll, zwou Verletzungen an deementspriechend vill Stress fir eist Danielle. Dem Nicolas an dem Max wënsche mir op dësem Wee eng gutt Besserung! Um Enn klammen eis […]
Dëse Weekend war mam ING Night Marathon DAT Lafevent vum Joer, wou vill vun eise Leefer et sech net huele geloos hunn matzelafen. D’Laura an d’Claire, déi sech op een Triathlon virbereeden, hunn um Feierdag d’Lafschong géint de Neopren ausgetosch a sinn zu Remerschen am Weiher eng Course matgeschwommen. Mam Mia, Jon, Nadine, Isabeau a […]
Internationalen oppene Meeting Datum: Sonndes 5 Mee 2024 Ufank: 14:30 Uert: J.F. Kennedy Stadion, Diddeleng
Beim Interclub Jeunes hunn eis jonk Athleten eemol méi gewisen wat si drop hunn. Si hunn net nëmmen gutt Leeschtungen a Beschtleeschtungen bruecht, mee och nieft dem Terrain mat vill Teamgeescht geglänzt. Zum Schluss stoungen d’Jongen op der 2. Plaz an d’Meedercher sinn op déi 3. Marche um Podium geklommen. Béid Equippenplazéierungen wuelverdéngt! Hei sinn […]
1. Réiser Bëschlaf (annuléiert!) “De Lefer trëfft op d’Päerd” Informatiounen zur Course Datum: Sonndes, 9. Juni 2024 Uert: Réiserbësch Heed, Crauthem Distanz: 5 an 10 km op Bëschweeër Organiséiert am Kader vun den 31. Réiser Päerdsdeeg (CSI Jumping).