News
De Wes, de Yannick, de Roy, d’Daphnée, d’Caroline, d’Nadine an hire Kapitän de Fabio ware leschte Weekend op Missioun Titelverdeedegung um Interclub vun den Diddelenger Veräiner. Ënnerstëtzt goufen si duerch den CAD Fanclub, deen zuelräich sur place war. Och dëst Joer war d’Competitioun eng Mëschung tëscht Vitesse- a Geschécklechkeetsspiller an a ronderëm d’Waasser. No 5 Spiller […]
De Freiden 26. Juni ab 18h mëscht den CAD erëm beim Fluch der Karibik mat – e Battle tëscht ënnerschiddleche Veräiner vun Diddeleng, bei deem mir als Titelverdeedeger an d’Renne ginn. Dëst Joer si 6 Veräiner ugemellt : CAD – Judo – HBD – T71 – DTD – DKS. Bei eise Männer sinn 2/3 Piraten (de Wes an […]
Werfermeeting Datum: 25.05.2023 18:30 Uert: Werferterrain, Zoufftgen Kuckt Iech hei de Programm vum Meeting un, an d’Resultater. Link LA-Portal: https://laportal.net/Competitions/Details/9899
Mam Interclub war de Weekend ee vun de wichtegste Weekender fir de CAD. Mir si mat dräi Podiumen heemkomm : souwuel eis Fraen, wéi och eis Männer sinn op déi drëtt Träppche geklommen, wat och eng drëtt Plaz am Generalklassement ergëtt. Mam Noémie Pleimling, Lilly Gerhard a Max Wagner konnten dräi Athleten hir Disziplinne gewannen an ënnersträiche wéi staark […]
Eis Athletin Lilly Gerhard huet de 09.05.2023 zu Rehlingen säi Rekord an der 4 kg-Bomm verbessert, a mat der Leeschtung vun 13.49m och e neie Klubrekord bei den Espoirs a bei de Seniorinnen opgestallt. Félicitatiounen!