News

Wärend déi eng nach Paus maachen oder schonn am Opbau sinn, schléissen Anerer grad hir Saison of, an nach Anerer starten an d’Cross/Trail Saison eran. Esou sinn d’Jennifer Chaussy an d’Claire Hagen de Sonnden, 22.10 um Ploschterprojet Trail matgelaf. Si sinn no 12km an 1:17:22 Stonnen, bspw 1:17:25 Stonnen an d’Zil komm. Parallel war zu […]

Datum: 14.10.2023 15:00 Uert: Diddeleng-Italien, Naturpark Haard, Diddeleng Wieder: lëfteg, zum Deel sonneg, 13°C Participantën: 94 Finishers: 94 Detailléiert Resultater Besicht déi entspriechend Säit bei RaceResult fir déi offiziell Resultater a Diplomer ze kucken. Lued de Gesamtklassement als PDF Datei erof. Biller vun 2023 Kuckt Iech d’Fotoen vun der Course an dëser Galerie un.

Kraaftraum 2.0

07/10/2023

Et gouf schonn iwwer doriwwer geschwat de Kraaftsall ëmzestrukturéieren. Op Initiativ vum Yanis gouf dës Aktioun elo ëmgesat. D‘Resultat? E Sall dee vill méi grouss wierkt a wou elo problemlos e puer Leit gläichzäiteg kennen zesummen trainéieren ouni sech am Wee ze stoen. Merci dem Yanis fir d‘Iddien a merci jidderengem deen um Samschden moien eng Hand mat […]

Fir d’Saison ofschléisse fannen déi ganz Motivéiert sech traditionell fir de Championnat épreuves multiples zu Dikrech an. Dëst Joer ware mam Marie Lahr a mam Mex Krecké zwee CAD Athleten um Start. De Mex huet gewise wat an him stécht a koum mat 1979 Punkten op eng super 2. Plaz am Quadrathlon. Hei fannt dir […]

  Groussen Exploit zu Pescara : no senger 4ter Plaz d’lescht Joer ass den Tommy dëst Joer wuertwiertlech bis op déi iewescht Träppche bei der Masters Europameeschterschaft zu Pescara gesprongen. Domat huet den CAD en Europameeschter am Veräin. Wat en Exploit fir hien a wat e Virbild fir seng Athleten déi hien trainéiert! Donieft waren […]