News

Regio Meeting 4

04/02/2024

Fir de Regio Meeting 4, de leschte vun enger Serie an domat bal den Ofschloss vun der Indoor Saison, hunn eng Réi CAD Athleten de Wee an d’Coque fonnt. Den Olivier Caron huet seng Form virum Championnat an 2 Woche getest a gewënnt mat 13m82 d’Kugelstoussen. De Fränz Muller mëscht et him gläich mat 12m63 […]

Leschte Weekend war mam Jugendchampionnat den Héischpunkt vun der Indoor Saison fir eis Jonk. Si kennten ganzer 10 Medaillen mat heem brengen. GOLD Fränz Muller  – Kugel U16 Mia Bourscheid – Héischsprong U20 Lena Koch – Kugel U16 Eve Lambert – Héischsprong U18 SELWER Pol Muller – Kugel U20 Leonie Bressler – 800m U20 BRONZE […]

Pit Biver

16/01/2024

Bal op den Dag genee ee Joer nom Jean Lorang, huet den CAD déi traureg Noriicht erreecht, datt de Veräin e weideren engagéierten a laangjärege Member, de Pit Biver, verluer huet. De Pit huet am CAD an de 90er Joren ugefaangen als Stroosselefer. Mëtt der 90er Jore war e kuerz Trainer, an dono am Comité […]

Offiziel Resultater Schwiereg Bedingungen dëse Nomëtteg um 5. Cross-Country vun der Saison, awer eng gutt Participatioun an erem vill Zuschauer, trotz dem äiskaale Wieder. Den Terrain war knubbelhaart gefruer, a wéinst dem ville Reen vun de läschte Wochen nawell knubbeleg.

Dëse Weekend war de Regio Meeting 3 an der Coque. De Yanis Braze start seng Liichtathletik Karrär wéi e Blëtz a konnt sech a senger zweeter 60m Course mat 7,43s direkt em iwwer 1/10 verbesseren. De Luca Costantini ass mat 7,60s eng nei PB gelaf. D’Lena Koch ass op den Dreistouss emgeklommen a stéisst a […]