News

CAD Kids Cup De Samschdeg 15.11. hate mer nees e flotten Kids Cup zu Diddeleng, mat zwou CAD Ekippen um Podium, an d’RBUAP Ekipp op der zweeter Plaz. Felicitatiounen un déi jonk Athleten! 1. CAD 1, 92 Punkten 2. RBUAP, 75 Punkten 3. CAD 2, 73 Punkten 4. CAS 2, 70 Punkten 5. CSL, 65 […]

D’Fanny profitéiert vum Summer an Australien fir seng Zäiten no ënnen ze schrauwen – an dat geléngt him bis elo ganz gutt. Seng lescht 3000m ob der Piste ass hat an 10:05,96 gelaf. Domat huet hat net nëmme seng PB em 14 Sekonnen, mee och den ale Klubrekord vum Anne Logelin aus dem Joer 2007 […]

Am Oktober start, säit se lescht Joer no fir geréckelt gouf, d’Cross Saison fir eis Laangstreckeleefer. Mat Rodange, Bieles an eisem Cross, waren der elo dräi an et sinn all Kéiers e puer Podiumen fir den CAD erausgesprongen. Hei fannt dir eng kleng Billergalerie. Weider esou ! Deenen engen hiren Ufank, ass deenen aneren hiren […]

Cross-Country Le’h Laf Reenerescht Hierschtwieder, mat och e puer sonnege Momenter, a ganz vill Bulli, mat enger exzellenter Participatioun a villen Zuschauer bei de Kannercoursen.

Fir eis Laangstreckeleefer ass d’Summerpaus direkt mat engem wichtegen Datum gestart: d’Route du Vin zu Réimech, déi gläichzäiteg d’nationaalt Championnat am Semimarathon war. Eis Leefer waren net nëmmen dobäi, d’Fraen- an d’Männerequipe stoungen um Enn och um Podium. Hei sinn hir Resultater.       De selwechte Weekend war d’Nadine mat sengem Metzer Veräin zu Yutz […]