News

De Freiden 26. Juni ab 18h mëscht den CAD erëm beim Fluch der Karibik mat – e Battle tëscht ënnerschiddleche Veräiner vun Diddeleng, bei deem mir als Titelverdeedeger an d’Renne ginn. Dëst Joer si 6 Veräiner ugemellt : CAD – Judo – HBD – T71 – DTD – DKS. Bei eise Männer sinn 2/3 Piraten (de Wes an […]

Werfermeeting Datum: 25.05.2023 18:30 Uert: Werferterrain, Zoufftgen Kuckt Iech hei de Programm vum Meeting un, an d’Resultater. Link LA-Portal: https://laportal.net/Competitions/Details/9899

E bronzene Weekend

15/05/2023

Mam Interclub war de Weekend ee vun de wichtegste Weekender fir de CAD. Mir si mat dräi Podiumen heemkomm : souwuel eis Fraen, wéi och eis Männer sinn op déi drëtt Träppche geklommen, wat och eng drëtt Plaz am Generalklassement ergëtt. Mam Noémie Pleimling, Lilly Gerhard a Max Wagner konnten dräi Athleten hir Disziplinne gewannen an ënnersträiche wéi staark […]

Eis Athletin Lilly Gerhard huet de 09.05.2023 zu Rehlingen säi Rekord an der 4 kg-Bomm verbessert, a mat der Leeschtung vun 13.49m och e neie Klubrekord bei den Espoirs a bei de Seniorinnen opgestallt. Félicitatiounen!

Internationalen oppene Meeting Datum: Sonndes 7 Mee 2023 Ufank: 14:30 Uert: J.F. Kennedy Stadion, Diddeleng