News
De Weekend (17+18.09.2022) war de leschte grousse Rendezvous-vous vun der Saison : D’Coupe des Dames an d’Coupe du Prince. Eis Dammen hunn Samschdes gutt virgeluecht an trotz deziméierter Equipe vu just 14 Athletinnen eng excellent zweete Plaz gemaach mat 9.393 Punkten. Qualitéit ass nu emol meeschtens méi wäert wéi Quantitéit. Déi komplett Resultater fannt dir hei : https://www.laportal.net/Competitions/Details/8060 […]
12. Haard Trail Informatiounen zur Course Datum: Samschdes, 29. Oktober 2022 Start: 15:00 Uert: Naturpark Haard & Annexe Alliance Sportshal, Diddeleng-Italien
De Weekend hunn sech virun allem d’Werfer Rendezvous zu Dikrech ginn. De Ulass vum Benny Michel Mémorial war een trauregen, ëmsou méi erfreelech war et, dass och e puer pensionéiert an Net-Werfer et sech net huele gelooss hunn dem Benny zu Éieren eng Kugel oder en Diskus an d’Hand ze huelen. Diskus: Pleimling Noémie: 43m09 Habscheid Tom : 38m52 Michel […]
… dat hunn d’Lili Lamesch an den Tom Habscheid de Weekend beim internationale Meeting zu Schëffleng. D’Lili huet vun der staarker Konkurrenz profitéiert an ass mat 12,01 Sekonnen eng nei perséinlech Beschtleeschtung op den 100m gelaf. Den Tom gouf mat 12m01 den Drëtten am Kugelstoussen hannert dem Bob Bertemes an dem Tschech Tomas Stanek, dee mat 21m94 […]
Eist Mia huet d’Lëtzebuerger a CAD Faarwen d’lescht Woch op den olympesche Jugendspiller zu Banská Bystrica an der Slowakei héich gehalen. An der Héichsprong Qualifikatioun ass hat mat Liichtegkeet am éichten Versuch iwwer all Lat gesprongen, huet seng Beschtleeschtung vun 1m70 egaliséiert an sech domat fir d’Final den Dag drop qualifizéiert. An dëser konnt hat […]