News

Mat de Championnats Nationaux ass d’Indoor Saison 2021-2022 leschte Weekend op een Enn gaangen. Eis Athleten hunn net nemmen gutt Leeschtungen, an och Beschtleeschtungen, bruecht, verschiddener sinn och op de Podium geklommen : Championne Héischsprong: Mia Bourscheid (1m65) Championne Kugel: Nadine Kremer (11m54) 1re de la fédération Kugel: Lilly Gerhard (12m68) Vice-Championne Héischsprong: Lena Do […]

44. Tour de Dudelange   Informatiounen zur Course Datum: Sonndes, 27. Mäerz 2022

105. National Cross-Country Meeschterschaften Informatiounen zur Kompetitioun Datum: Sonndes, 13. Mäerz 2022 Start: 11:30 Uert: Parc Le’h, Diddeleng Vestiairen: John F. Kennedy Stadium, Diddeleng Sekretariat: “Waldschoul” am Parc Le’h, Diddeleng

Am Januar konnt ee mol den Iwwerbléck verléieren, wat fir eng Meetinger wéini stattfonnt hunn. Eis Leefer an eis Sprénger hunn sech dovun net oflenke gelooss a performéiert. Hei déi nei Beschtleeschtunge vun de CAD-Athleten: 2.1 Indoor Regio 2 Matteo Bellucci 400m PB (52,12) 22.1 Indoor Regio 4 Matteo Bellucci 200m PB (23,85) Luca Costantini […]

Parallel zu de Crossen huet elo och d’Indoor Saison ugefaangen. De Weekend war de Meeting Regio 2 an der Coque, wou besonnesch eis Jugend bewisen huet, dass de Wantertraining seng Friichten dréit. Allem viraus de Matteo Belluci (Junior), deen op der 400m den Zweete gouf, an dat an 52,12 Sekonnen – enger Beschtleeschtung vu ganzen 2 Sekonnen. Donieft […]