News
Dëse Weekend war mam Lëtzebuerger Championnat den Highlight vun der Saison. Eis Athlete ware méi wéi prett a sinn net manner wéi 23x op de Podium geklommen. Loosst eis op dëser Plaz hir Leeschtungen ënnersträichen: 100m 3t Plaz Olivier Boussong (11,18 seconds) 200m 3t Plaz Olivier Boussong (22,87 seconds) 400m 3t Plaz vun der Federatioun Olivia Bodeux (60,48 […]
Challenge Tageblatt 4 / Jugendmeeschterschaften Steeple – Resultater Datum: Samschdeg 18. Juni 2022 Ufank: 14:00 (Challenge Tageblatt) an 18:30 (Steeple Meeschterschaften) Uert: Stade J.F. Kennedy, Dudelange
Gutt opgetrueden ass dëse Weekend virun allem eis Jugend. Bei de Mehrkampf Meeschterschaften zu Dikrech konnte souwuel d’Carla Bellucci, wéi och de Melvin Spoden sech an hire 7, beispillsweis 10, Disziplinne beweisen an den Titel mat op Diddeleng bréngen. E bësse méi wäit gefuer sinn den Olivier Boussong an d’Nadine Kremer, déi de Weekend um Championnat […]
D’Generalversammlung 2021 vum CA Diddeleng gouf de Freideg 3. Juni 2022 am Centre Hild zu Diddeleng ofgehalen viru gutt 45 Memberen, Sportler, Frënn a Gäscht. D’CAD-Presidentin Josée Lorsché huet d’Gäscht begréisst an huet d’Introduktioun zu der Versammlung gemaach. Déi gutt Zesummenaarbecht an Atmosphär am Veräin goufe speziell vun der Presidentin ernimmt, an si huet all […]
“Fluch der Karibik” war d’Motto vum Event, engem Interclub tëscht den Diddelenger Veräiner, deen am Kader vun der Ouverture vun der renoveierter oppener Schwemm zu Diddeleng organiséiert gouf. No 5 Spiller konnt sech den CAD géint d’Schwemmer, dDëschtennisspiller, de Judo an de Basket fir d’Finale qualifizéieren an dës dann och géint de Stemmveräin fir sech […]