News

Nom Optakt vun der Crosssaison leschte Weekend stoungen och dëse Weekend erëm Diddelenger Leefer um Depart. Fënnef Athlete vum CAD ware fir den Uewersauer Trail ugemellt. No gudde Leeschtungen op den 11,3km an den 30,5km, konnt virun allem de Sven Remakel op den 51,8km iwwerzeegen. An enger Zäit vu 4:09:14 koum hie knapps hannert dem […]

De 14. November ass zu Rodange fir d’Leefer déi laang erseente Cross Saison ugaangen. Et waren direkt eng Partie Diddelenger an ënnerschiddleche Kategorien am Asaz. Ervir hiewe wëlle mer op dëser Plaz de gudde Start an d’Saison vum Sven Remakel (SenM) a vum Pol Stoffel (U18), déi an hire jeeweilege Kategorien den Drëtte gi sinn. De Sven […]

Athlet vum Joër

28/10/2021

Stëmmt fir de lëtzebuerger Athlet vum Joër 2021! Eis Athleten Noémie Pleimling, Isabeau Pleimling an Tom Habscheid sinn ënnert de Nominéierten!

Kuckt Iech dem Andy Bausch säi brandneie (Covid-gepréifte 🙂 ) Video un iwwert d’Jugendliichtathletik zu Lëtzebuerg.

Datum: 16.10.2021 15:00 Uert: Diddeleng-Italien, Naturpark Haard, Diddeleng Wieder: duuss, sonneg, 12°C Participantën: 98 Finishers: 96 Detailléiert Resultater Besicht déi entspriechend Säit bei RaceResult fir déi offiziell Resultater a Diplomer ze kucken. Lued de Gesamtklassement als PDF Datei erof. Biller vun 2021 Kuckt Iech d’Fotoen vun der Course an dëser Galerie un.