News

Meeting Ouvert

27/04/2021

Meeting Ouvert Datum: Sonndeg, 9. Mee 2021 Ufank: 15:00 Uert: Stade J.F. Kennedy, Diddeleng

Ganz no der Devise : « Traditioun, um Wee no vir. » Säit senger Grënnung am Joer 1932 kann den CA Diddeleng (CAD) op vill Erfolleger zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun houfreg sinn. De Veräin CAD ass ënnert anerem bekannt fir seng vill Liichtathletik-Kompetitiounen um Kennedy-Stadion, seng Worfmeetinger zu Zoufftgen (F), säin Tour de […]

Am ganz spezielle Kader, an dem de Speerworf-Meeting de Mëtteg zu Diddeleng ofgehale gouf, konnt d’Noémie Pleimling mat enger gudder Leeschtung am Speer vun 53.87m iwwerzeegen. Resultat Speermeeting 06-03-2021

44. Tour de Dudelange De Comité vum CAD huet entscheet fir den Tour de Dudelange vun dësem Joer, deen den 28. Mäerz geplangt war, z’annuléieren, dëst opgrond vun der derzäit onsécherer a bedreelecher Situatioun ronderëm d’Covid-Pandemie. Mäer hoffen Iech op der 44. Editioun am Joer 2022 erëm ze gesinn !

105. National Cross-Country Meeschterschaften An Ofsprooch mat der FLA gouf decidéiert, déi national Cross-Country-Meeschterschaften opgrond vun der derzäit onsécherer a bedreelecher Situatioun ronderëm d’Covid-Pandemie op 2022 ze verréckelen.