News

Beim 3. Cross am Bambësch koumen d’ Lys Stoffel (1.Espoir) an d ’Chloé Schmit (3. Juniorin) op de Podium. Weider gutt Placéierungen gouf et fir de Mex Krecké (6. Debutant), d`Liz Weiler (7. Seniorin),d`Joy Havé (9. Scolaire), d`Lena Schweitzer (12. Scolaire) an d`Dayna Thill-Goerend (13. Debutante)

Gutt Resultater vun den CAD-Athlete gëtt et vum Bielesser Cross ze vermellen: Lys Stoffel (1. Espoir), Chloé Schmit (2. Juniorin), Paulo Ramos (5. Senior), Liz Weiler (6. Seniorin), Dylan Meyers (13. Scolaire), Bastien Klein-Schlentz (13. Debutant), Lena Schweitzer (15. Scolaire) a Gabriel de Menezes Carvalho (15. Debutant)

D’Ekipp CAD 1 huet haut um Kids Cup gewonnen. Felicitatiounen un eis jonk Athleten! Den Celtic 1 koum op di 2. an d’Fola 2 op di 3. Plaz. Mat 130 Athleten a 17 Ekippe war d’Veranstaltung alt nees e formidabele Succès.

CROSS 1 RBUAP

10/11/2019

Den 1. Cross vun der Saison huet bei wanterlechem Wieder zu Rodange stattfonnt. Gutt Leeschtunge ginn et ze vermelle vum Lys Stoffel (1. Espoir), Chloé Schmit (4. Juniorin), Paulo Ramos (4. Senior), Liz Weiler (3. Seniorin), Mex Krecké (7. Debutant), Joy Havé (10. Scolaire) a Lena Schweitzer (11. Debutante)

Exzellent Neiegkeete vun Dubai: Den Tom Habscheid krut Sëlwer bei de Welt Para-Athletics Meeschterschaften andeems en a sengem 3. Essai d’Bomm 15,10m wäit gestouss huet. Dat ass och neie Weltrekord an der Kategorie F3! Bravo, Tom!