News

An deenen leschten Deeg hate mer ëmmer nach gehofft den Tour de Dudelange an d’National Stroossemeeschterschaften kënnen bäizebehalen, mä den aktuellen Kontext mëscht et leider net méiglech. Den CAD Comité huet decidéiert den dësjäregen Tour de Dudelange an d’10 km-Stroossemeeschterschaften ofzesoen. Déi Leefer déi sech schonns ageschriwwen hunn, wäerten deemnächst kontaktéiert ginn fir e Remboursement z’initiéieren.

Am Kontext vun de neien Mesuren déi vun der Regierung ëmgesat goufen fir d’Verbreedung vun COVID-19 anzedämmen, huet den CAD Comité missen decidéieren d’CAD Generalversammlung vum 14. Mäerz 2020 op e spéideren Datum ze verréckelen.

Bei den 104. Nationalen Cross-Country Meeschterschaften, hunn dëss CAD Athleten gutt Resultater op engem schwieregen Parcours mat vill Bulli realiséiert : Lys Stoffel : 2. Espoir Chloé Schmit : 4. Junior Noah Fries : 5. Espoir Pol Stoffel : 6. Minime Joy Havé : 11. Scolaire Mex Krecké : 12. Débutant Leonie Bressler : 12. […]

Bei dem internationalen Eurocross zu Dikkrech hun folgend CAD Athleten flott Leeschtungen realiséiert: Lys Stoffel: 1. Espoir Chloé Schmit: 2. Junior Noah Fries: 3. Espoir Joy Havé: 11. Scolaire Léonie Bressler: 13. Minime Mex Krecké: 15. Débutant Bastien Klein-Schlentz: 16. Débutant

Bei dem Regio 3 Indoor Meeting hunn dëss CAD Athleten gutt Leeschtungen realiséiert: Sophie Leser: 3. 60m (8″25) Michael Auer: 3. Héichsprong (1.75), 5. Stafhéichsprong (3.90) Luca Costantini: 4. Héichsprong Minimes (1.58) Lili Lamesch: 5. 60m (8″29) Liz Weiler: 7. 1500m (5:03″04) Melvin Spoden: 7. 60m Hécken Cadets (9″40) Olivier Boussong: 9. 60m (7″19), 11. […]