News
Beim éischten Indoor Meeting vun der Saison (Indoor Laf Meeting), ass den Olivier Boussong d’300m an 36″80 gelaf, de Matteo Bellucci ass no 39″75 iwwert d’Zillinn gelaf. Op den 1000m Scolaires ass de Noah de Backer-Muller 3:39″79 gelaf.
De 4. Cross war um schéine Site vum Ellergronn zu Esch. Folgend CAD-Athleten hu gutt Resultater realiséiert: d Lys Stoffel (1. Espoir), d’Chloé Schmit (3.Juniorin), de Mex Krecké (5. Debutant), de Nino Nonnweiler (10. Debutant), d’ Lena Schweitzer (14. Scolaire) an de Noah De Backer-Muller (14. Scolaire).
Beim 3. Cross am Bambësch koumen d’ Lys Stoffel (1.Espoir) an d ’Chloé Schmit (3. Juniorin) op de Podium. Weider gutt Placéierungen gouf et fir de Mex Krecké (6. Debutant), d`Liz Weiler (7. Seniorin),d`Joy Havé (9. Scolaire), d`Lena Schweitzer (12. Scolaire) an d`Dayna Thill-Goerend (13. Debutante)
Gutt Resultater vun den CAD-Athlete gëtt et vum Bielesser Cross ze vermellen: Lys Stoffel (1. Espoir), Chloé Schmit (2. Juniorin), Paulo Ramos (5. Senior), Liz Weiler (6. Seniorin), Dylan Meyers (13. Scolaire), Bastien Klein-Schlentz (13. Debutant), Lena Schweitzer (15. Scolaire) a Gabriel de Menezes Carvalho (15. Debutant)
D’Ekipp CAD 1 huet haut um Kids Cup gewonnen. Felicitatiounen un eis jonk Athleten! Den Celtic 1 koum op di 2. an d’Fola 2 op di 3. Plaz. Mat 130 Athleten a 17 Ekippe war d’Veranstaltung alt nees e formidabele Succès.