News

Gléckwënsch un d’ Liz Weiler, dat säin Titel bei de Cross-Meeschterschafte konnt verdeedegen. De Noah Fries koum och op de Podium. Hie gouf 2.bei den Espoiren.

Et bleiwe nach 10 Deeg fir sech zum reduzéierten Tarif fir den 42.Tour de Dudelange anzeschreiwen.

D’Generalversammlung vum CA Diddeleng gouf dëst Joer de Samschdeg 2. Mäerz am Centre Hild, virun engen honnert Memberen, Athleten, Frënn an Invitéen ofgehalen. De Schäffen René Manderscheid huet bestätegt datt et zu Schwieregkeeten bei der Etüd zur neier Indoor-Hal nieft dem Kennedy Stadion koum, mä datt d’Stad Diddeleng nach ëmmer zouversiichtlech ass, datt d’Bauaarbechten an deenen nächsten 4 bis 5 Joer géifen ulafen. […]

Genial!! Fir d`éischt a senger 86-järeger Geschicht kann den CAD sech glécklech schätzen e Weltrekordler an senge Reien ze zielen. Bei dem Outdoor Grand-Prix zu Dubai huet den Tom Habscheid an der Kategorie F63 d`Bomm erstaunlech 14,97 m wäit gestouss. Dat sinn 40cm méi wäit wéi deen ale Rekord. Hie krut dofir d`Goldmedail. Felicitatiounen!!!

Beim Indoormeeting Regio 3 gouf et e puer gutt Resultater vun eisen Athleten: d`Lara Marx huet d`60m Hecken an den Dräisprong gewonnen, d`Lili Lamesch gouf 2.iwwer 60m Cadettes, d`Chloé Schmit koum op di 2.Plaz iwwer 1500m, eis 4x200m Staffelekipp (Lili Lamesch-Daphnée -Yanna Schmit – Lara Marx) koum op di 3.Plaz vum nationale Podium, den Olivier […]