News

Den CAD Athlet Tom Habscheid wees zu Paräis op de Paralympeschen Spiller sportlech z’iwwerzeegen, a stéisst d’Bomm op exzellent 14.97m, a sëchert sech domatt déi 3. Plaz an engem staarke Concours. Gläichzäiteg setzt hien mat der Distanz e neien paralympeschen Rekord an der F63 Kategorie. Staark sportlech Leeschtung a Felicitatiounen!

Eis jonk Athletin Emma brauch de Moment vill Hëllef, ënnerstëtzt hat w.e.g. Villmoos Merci am Viraus vum CAD

 Eng Woch, 3 Meetinger – déi lescht Deeg ass et Schlag ob Schlag gaangen. Staffelmeeschterschaften den 10 Juli Den CAD war mat 3 Equippen um Start, 2 dovu koumen ob de Podium : 1. Plaz Juniorinne 4x100m: Lejla Ceman, Mia Bourscheid, Claire Klein Schlentz, Hannah Back 3. Plaz Seniore 4x100m: Dylan Meyers, Jon Bourscheid, Mex […]

2 Weekender hannertenee waren eis Athleten ob Landesmeeschterschafte vertrueden a missten sech net verstoppen. Ugefaange mam Championnat den 28-30 Juni. D’Liz Weiler huet Freides owes am 3000m Steeple den éischten Titel fir den CAD gewonnen an et sollt net de leschte bleiwen. Virun allem Samschdes haten eis Liichtathleten e gudden Dag erwëscht a bal jidderee […]

Championnats épreuves combinées FLA et LBFA Datum: Samschdes a Sonndes 6. a 7. Juli 2024 Ufank: 10:00 Uert: J.F. Kennedy Stadion, Diddeleng