News
De Weekend huet eis Jugend op de Championnats nationaux Jeunes gutt virgeluecht a ganzer 30 Medailen mat heembruecht. Ervir ze hiewe sinn d’Mia an de Jon, déi jeeweils 4 Medaile gewonnen hunn, esou wéi de Pol, d’Caroline an de Mex mat jeeweils dräi. De Jon, de Pol, d’Caroline, de Luca an d’Lena hunn mat direkt […]
Nodeems d’Fanny den Interklub krankheetsbedéngt verpasst hat, wéist hat Weekend fir Weekend, dass hat gutt a Form an hongreg ass – hongreg ob Rekorder. Beim Atheo Meeting zu Stroossbuerg ass hat de Weekend vum 8 a 9 Juni d’1500m a 4:40:90 Minutten gelaf an huet domat säin eegene Veräinsrekord, deen hat eréischt d’lescht Woch opgestallt […]
Nodeems de Mex virun 2 Woche schonn de Klubrekord op der 300m Hürde gebrach huet, huet en elo nogeluecht. An 39,37 Sekonne kann hien och elo de Rekord op der 300m flaach säin nennen. An och d’Fanny weist sech an Toppform. Zu Pfungstadt ass hat op senger 1500m a 4:40:92 Minutten an d’Zil komm. Och […]
Passend zum Olympia Joer 2024 war den Interclub vun den Diddelenger Veräiner dëst Joer ënner dem Motto Olympia. Eis olympesch Athleten d‘Lara, d‘Daphnée, d‘Caroline, de Wes, de Yannick an de Roy an hire Kapitän de Fabio hunn sech dëst Joer a 5 Disziplinne géint déi aner Veräiner gemooss : Schéissen, Gewiichthiewen, Marathon, Wäitsprong an Tennis. […]
Wann Héichsprénger um Dräisprong starten a Werfer 100m lafen, dat ass Interclub. Mir hunn en ereignisräiche Weekend hannert eis, mat enger Partie gudder Leeschtungen, mee leider och kuerzfristegen Ausfäll, zwou Verletzungen an deementspriechend vill Stress fir eist Danielle. Dem Nicolas an dem Max wënsche mir op dësem Wee eng gutt Besserung! Um Enn klammen eis […]