Recap zweet Halschend Juni

Eis Athlete si voll an der Saison an deementspriechend och op enger Réi verschidde Meetingen ënnerwee. Hei eng Zesummefaassung vun de leschte Wochen.

Eng Partie CAD Athlete si bei eis däitsch Noperen op d’Saarland Meeschterschaften den 10. Juni gefuer.
Lilly Gerhard: 1. Plaz Kugel (12m96) an 1. Plaz Speer (45m35)
Tommy Bourscheid: 1. Plaz Héichsprong (1m65)
Luca Costantini: 100m (11,52 Sekonnen), 200m (23,39 Sekonnen) a Wäitsprong (5,49m)
Claire Klein-Schlentz: 100m (14,15 Sekonnen) a 400m (1:05,71)

D’Fanny Goy ass zu Baden an der Schwäiz eng 600m an 1’39”50 gelaf.

Op de Mehrkampf Landesmeeschterschaften den 18. Juni um INS ware 4 CAD Athleten am Asaz. Si hunn sech a 7, 8 bspw 10 Disziplinne bewisen a kennen houfreg op hir Leeschtung sinn:
1 Plaz Cadettes féminins: Carla Bellucci, 3 884 Punkten
2 Plaz Minimes masculins: Mex Krecké, 3 903 Punkten
2 Plaz Seniors masculins: Michael Auer, 4 140 Punkten
7 Plaz Minimes féminins: Ceman Lejla, 2 986 Punkten

5 Athleten hunn d’Lëtzebuerger Faarwen a Polen op der Team EM vum 20-22. Juni vertrueden. Eise Vize-President de Fabio Secci war als Head of Delegation mat.
Isabeau Pleimling, Hummerwerfen (48m28)
Oli Boussong, 100m Staffel (40,98 Sekonnen an domat e neien NR)
Noémie Pleimling, Speerwerfen (46m60)
Max Wagner, Speerwerfen (45m18, PB)
Mia Bourscheid, Héichsprong (1m61)

Zu gudder Lescht war mam Challenge Tageblatt an dem Hürden Championnat vun deene Jonken zu Esch haut déi lescht Generalprouf virum Jugend Championnat. De Julien Schmit (4m09) an de Gabriel Vegas-Bacci (4m03) hunn sech hei gutt am Wäitsprong bei de Scolaires masculins behaapt. D’Amalia Reuter  an d’Marie Lahr sinn am Héichsprong bei de Scolaires féminins 1m35 gesprongen. D’Liah Melanda konnt seng Serie beim 75m Laf an 10,90 Sekonne gewannen an sech an 3:40,86 Minutten och op den 1000m beweisen. Och den Adam Maamri war mat 3:33,57 Minutten séier op den 1000m ënnerwee.

© Harry Daemen, Henri Weyer