Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng
Traditioun um Wee no vir
Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.
Nächst Evenementer
- 16/05/2026
- ING Night Marathon LuxembourgING Night Marathon LuxembourgTime: 19:00
Kirchberg, Luxexpo The Box
- ING Night Marathon LuxembourgING Night Marathon LuxembourgTime: 19:00
- 21/05/2026
- Laf ronderem de SéiLaf ronderem de SéiTime: 14:00
Lac Echternach
- Laf ronderem de SéiLaf ronderem de SéiTime: 14:00
- 25/05/2026
- LowPointRunLowPointRunTime: 09:00
Esplanade de la Moselle, Wasserbillig
- LowPointRunLowPointRunTime: 09:00
Iwwer eise Club
Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.
Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.
21.01.2023 Een Titel geet net duer. Dat soten sech de Jon an d’Mia Bourscheid wou se mat hirem däitsche Veräin am Héichsprong bei de Saarlänneschen Haalemeeschterschaften ugetrueden a jeeweils mat der Goldmedaile erëm heem gefuer sinn. De Jon souguer mat enger PB vun 1m91. 28.01.2023 Och beim leschte Regio Meeting waren eis Athleten um Start. De Luca […]
De 15. Januar ware fir déi éischte Kéier Jugendmeeschterschaften an de Kategorien U16 bis U20 an der Coque. Dominéiert huet eis Jugend virun allem am Héichsprong. Bei de Jonge ware mir an all Kategorie um Podium. De Jon Bourscheid gouf den 1. an der Kategorie U20 mat 1m89. De Luca Costantini huet sech mat neier […]
Och eis Jéngst waren den éischte Weekend vum Joer schonn um Start. Hei eis Top10 Plazéierungen vum 1. Challenge Tageblatt fir 2023. Héischsprong U14m: 9. Julien Schmit (1m25) 10. Gabruel De Menezes Carvalho (1m20) 60m U14f: 2. Liah Melanda (8,83 Sek.) 7. Laura Zeimet (9,03 Sek.) Wäitsprong U14f: 3. Laura Zeimet (4m06) Kugel U14m: 5. […]
2023 ass ugaangen, wéi 2022 opgehalen huet : Mat Meetinger an der Coque. De 7. Januar stoung de Regio Meeting 3 um Programm – de leschten Test virum Jugendchampionnat de Weekend drop. Sprong D’Mia Bourscheid (1m63) an d’Lena Do Carmo (1m50) hunn hir Form am Héichsprong getest. D’Lena Do Carmo (4m67) an d’Carla Bellucci (4m64) hunn […]
Offiziel Resultater Schwéier Wiederbedingungen dëse Nomëtteg um 5. Cross-Country vun der Saison, awer eng gutt Participatioun an erem vill Zuschauer. No dem ville Reen vun de läschten Deeg war den Terrain immens déif an technesch. Vereenzelt Reeschauer hunn e puer Coursen nach méi schwiereg gemaach. An enger Ried an an enger Gedenkminutt gouf och dem […]
Den CAD huet e Samschdeg 14.01.2023 an de fréie Moiesstonnen ee vu sengen treisten an engagéiertste Membere verluer. De Lorang’s Jang huet säi leschte Kampf verluer, an huet eis fir ëmmer verlooss. Wann een de Veräin als Haus betruecht, dann huet de Jang sécherlech dat ganzt, oder zumindest e groussen Deel vum Fundament duergestallt. Zanter de 60er […]
Cross-Country Le’h Laf Informatiounen zur Kompetitioun Datum: Sonndes, 15. Januar 2023 Start: 13:00 Uert: Parc Le’h, Diddeleng Vestiairen: John F. Kennedy Stadium, Diddeleng Sekretariat: “Waldschoul” am Parc Le’h, Diddeleng
Club Sponsors




