Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

  • 16/05/2026
    • ING Night Marathon LuxembourgING Night Marathon LuxembourgTime: 19:00
      Kirchberg, Luxexpo The Box
  • 21/05/2026
    • Laf ronderem de SéiLaf ronderem de SéiTime: 14:00
      Lac Echternach
  • 25/05/2026
    • LowPointRunLowPointRunTime: 09:00
      Esplanade de la Moselle, Wasserbillig

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

Dezember ass traditionell den Ufank vun der Indoor Saison mat den éischte Regio Meetinger. Hei e kuerze Réckbléck iwwer eis Athleten déi sech an den Top10 placéiert hunn. Regio Meeting 1 (17.12.22) 21 CAD Athleten aus allen Altersklassen hunn direkt bei der éischter Occasioun d’Chance ergraff an hunn sech op der Piste presentéiert. Besonnesch gelongen ass dëse Start am […]

De 25 November war d’Präisverdeelung vun den Top Performer beim Challenge Tageblatt. De CAD koum als Club am Generalklassement op déi exzellent 2. Plaz. Fënnef Athlete goufe fir hir Eenzelperformance geéiert : Débutantes U12 (2011): 3. Plaz Liah Melanda Débutantes U12 (2012): 6. Plaz Sophie Sandt Débutants U12 (2011):  4. Plaz Julien Schmit Scolaires féminins U14 (2010): 4. […]

Mam Ufank vun der Indoor Saison lount et sech e klenge Réckbléck op de leschte Mount ze maachen. Um Programm stoung all Woch en anere Cross. An den Top10 placéieren sech jeeweils: 27 November Cross Fola 2. Pol Stoffel (Cadet, 2,8km) : 9,38 Minutten 5. Laura Grober (Dames, 4,4km) : 21:49 Minutten 6. Liah Melanda […]

Nieft dem Kids Cup zu Diddeleng war de Weekend och den Uewersauer Trail vun 52,1km zu Heiderscheid. Ervir ze hiewen ass besonnesch dem Laura Grober seng Performance op dësem Championnat Trail Long. Hat ass no 6:12:29 Stonnen an d’Zil komm an huet sech domat zur Vize-Landesmeeschterin gekiert. Kudos op dëser Plaz un den Denis Lopes […]

Zwou Ekippen vum CAD gewannen haut um Kids Cup virun der Ekipp vum CSL. Felicitatiounen un eis jonk Athleten! Mat 134 Athleten an 16 Ekippen war d’Veranstaltung erem e formidabele Succès.

E Samschdeg 12. November, war eis traditionellt Fest fir d’Débutant(e)s a fir d’Scolaires, fir se fir hier Saison 2022 auszezeechnen. No engem flotte Nomëtteg an der Schwëmm gouf an der Bierenger Hal gefeiert. Déi jonk Athleten kruten hiren Champions Méritants Präis an och e flotten T-Shirt mat hirem Numm drop. Eng weider Belounung gouf et […]

Gutt Resultat vun eisem Triathlet Franck Lopico, dee bei den 2022 Ironman 70.3 World Championships zu St. George (Utah, USA) op déi staark 36. Plaz an senger Alterskategorie (M45-49) komm ass, an op déi 726. Plaz am General. Häi säi Split: Schwammen 0:28:48, Velo 2:32:24, Lafen 1:31:11. Gesamt: 4:42:14.

Club Sponsors