Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

  • 16/05/2026
    • ING Night Marathon LuxembourgING Night Marathon LuxembourgTime: 19:00
      Kirchberg, Luxexpo The Box
  • 21/05/2026
    • Laf ronderem de SéiLaf ronderem de SéiTime: 14:00
      Lac Echternach
  • 25/05/2026
    • LowPointRunLowPointRunTime: 09:00
      Esplanade de la Moselle, Wasserbillig

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

Datum: 29.10.2022 15:00 Uert: Diddeleng-Italien, Naturpark Haard, Diddeleng Wieder: waarm, sonneg, 20°C Participantën: 88 Finishers: 87 Detailléiert Resultater Besicht déi entspriechend Säit bei RaceResult fir déi offiziell Resultater a Diplomer ze kucken. Lued de Gesamtklassement als PDF Datei erof. Biller vun 2022 Kuckt Iech d’Fotoen vun der Course an dëser Galerie un, oder dëss weider […]

Och am Oktober sinn eis CAD-Athleten a vollem Asaz an dat an den ënnerschiddlechsten Disziplinnen. D’Nadine Kremer ass mat sengem franséische Veräin op der Coupe de France ugetrueden an d’Equipe ass am Mixte Hummer Concours franséische Champion ginn. Eis Jugend huet beim Mehrkampf Meeting zu Dikrech matgemaach a konnt do 3 Podiumen an Eenzeldisziplinne verbuchen […]

De Weekend sinn eng Rei Leefer op der Route du Vin laanscht d’Musel ugetrueden. D’Course war gläichzäiteg de Championnat iwwer den Hallefmarathon an d’5km. Eis Athleten hunn sech exzellent präsentéiert, ervir hiewe wëlle mir op dëser Plaz dem Liz säi Vize-Landesmeeschtertitel. Hat ass d’5km an 19:01 Minutten gelaf. D’Resultater: 21km Denis Lopes (1:28:52) Laura Grober […]

Haut ass eng grouss a motivéiert Ekipp vum CAD um läschten Challenge Tageblatt vun der Saison ugetrueden.

De Weekend (17+18.09.2022) war de leschte grousse Rendezvous-vous vun der Saison : D’Coupe des Dames an d’Coupe du Prince. Eis Dammen hunn Samschdes gutt virgeluecht an trotz deziméierter Equipe vu just 14 Athletinnen eng excellent zweete Plaz gemaach mat 9.393 Punkten. Qualitéit ass nu emol meeschtens méi wäert wéi Quantitéit. Déi komplett Resultater fannt dir hei : https://www.laportal.net/Competitions/Details/8060 […]

Haard Trail 2022

19/09/2022

12. Haard Trail Informatiounen zur Course Datum: Samschdes, 29. Oktober 2022 Start: 15:00 Uert: Naturpark Haard & Annexe Alliance Sportshal, Diddeleng-Italien

De Weekend hunn sech virun allem d’Werfer Rendezvous zu Dikrech ginn. De Ulass vum Benny Michel Mémorial war een trauregen, ëmsou méi erfreelech war et, dass och e puer pensionéiert an Net-Werfer et sech net huele gelooss hunn dem Benny zu Éieren eng Kugel oder en Diskus an d’Hand ze huelen. Diskus: Pleimling Noémie: 43m09 Habscheid Tom : 38m52 Michel […]

Club Sponsors