Generalversammlung 2020
INVITATIOUN
Léif Athleten, léif Memberen, léif Elteren vun den Athleten,
Heimat wéilte mer Iech häerzlech op déi
UERDENTLECH GENERALVERSAMMLUNG
VUM CERCLE ATHLÉTIQUE DUDELANGE
invitéieren.
Sonndes den 18 Oktober 2020 um 18.00 hrs an der Hal op 68 rue du Nord zu Diddeleng-Biereng.
Ordre du jour:
1. Usprooch a Rapport vun der Presidentin Josée Lorsché
2. Aktivitéitsrapport vum CADS, Marie-France Saeul
3. Sportlechen Aktivitéitsrapport Liichtathletik, Olivier Boussong
4. Sportlechen Aktivitéitsrapport Triathlon, Olivier Boussong
5. Aktivitéitsrapport a Finanzrapport vum Sekretär‑Keesier Jean Lorang (op Pabeier)
6. Rapport vun de Keeserevisoren
7. Diskussioun vun de Rapporten an oppen Diskussioun
8. Fixatioun vun de Kotisatiounen fir 2021
9. Walen: Comité Exécutif CAD ‑ Keeserevisoren
10. Usproochen vun eisen Éieregäscht
Jiddereen dee gären an den Exekutivcomité vum CAD wéilt kommen, ass gebieden seng Kandidatur bis eng Stonn virun der Generalversammlung bei der Presidentin Josée Lorsché oder beim Sekretär Jean Lorang bekannt ze ginn.