News
Um Ouschterméinden fënnt traditionnel den Ouschterlaf zu Grevemacher statt. Dëst Joer war dës Course gläichzäiteg de nationale Championnat fir 10km op der Strooss. Den CAD konnt sech iwwer 2 Podiumer freeën, dovunner een bei de Männer an een bei de Fraen. De Kevin Bertold konnt bei de Junioren op déi héijsten Träppchen um Podium klammen. […]
Werfermeeting Datum: 21.04.2024 14:00 Uert: Werferterrain, Zoufftgen Kuckt Iech hei de Programm vum Meeting un, an hei déi entspriechend Seltec-Säit mat Aschreiwungen a Resultater. Resultater am PDF-Format.
Datum: 24.03.2024 16:00 Uert: Stade J.F. Kennedy, Diddeleng Wieder: kal, lëfteg, Sonn mat Reeschauer, 7°C Participantën: 145 Finishers: 137 Podiumë vum 46. Tour de Dudelange Detailléiert Resultater Besicht déi entspriechend Säit bei RaceResult fir déi offiziell Resultater a Diplomer ze kucken. Kannercoursen Kuckt Iech hei d’Resultater vun de Kannercoursen un. Biller vun 2024 74 Fotoen […]
D’Generalversammlung 2023 vum CA Diddeleng gouf de Samschdeg 16. Mäerz 2024 am neien Hall Polyvalent zu Diddeleng ofgehalen virun ongeféier 75 Memberen, Sportler, Frënn a Gäscht. Agangs der Generalversammlung huet d’Presidentin Josée Lorsché deem am Januar verstuerwenen, laangjärge Comitésmember an Offiziellen, dem Pit Biver, geduecht. Dono huet d’Josée Lorsché d’Gäscht begréisst an huet d’Introduktioun zu […]
Eng Reih vun eise Langstreckeleefer hunn de Sonnden de Wee op de Postlaf fonnt, deen traditionnel d’Stroosselaf Saison lancéiert. Hir Resultater fannt dir hei.