News
Enn November waren déi éischt Meeschterschafte vun der Saison. Bei Championnats nationaux am Cross zu Dikrech sinn eng Rei Diddelenger un de Start gaangen. De Pol Stoffel ass an enger Zäit vun 17:27 iwwer knapp 5km ob de Podium gelaf bei der U20. Hien huet Selwer mat heem geholl. D’Liz Weiler gouf dat exzellent 4t. […]
Den CAD Athlet Tom Habscheid gëtt belount fir säi Mega-Comeback a seng Bronze-Medaille zu Paräis op de Paralympësche Spiller, a gouf gëschter zu Munneref zum Sportler vum Joër 2024 gewielt. Staaark! A wuel verdéngt! Domatt ass hien och den éischten paralympëschen Sportler iwwerhaapt, deen den Titel kritt. De Vote war ganz eendeiteg, den Tom louch […]
Doublé vum CAD gëschter beim Kids Cup virun der Ekipp vum RBUAP. Felicitatiounen un eis jonk Athleten! 1. CAD 1, 83 Punkten 2. CAD 2, 73 Punkten 3. RBUAP, 65 Punkten 4. CAB, 59 Punkten 5. CSL 1, 54 Punkten 6. CAEG, 52 Punkten 7. Celtic 1, 41 Punkten ….CSL 2, 41 Punkten 9. Celtic […]
Dësen Oktober hunn eis Leefer tëscht Marathonen a Cross’e geswitcht. Den Denis an d’Laura waren an d’Ausland fir sech ob 42km ze beweisen. Den Denis ass zu Amsterdam eng super Zäit vun 3h17 gelaf. D’Laura koum zu Frankfurt an 3h22 an d’Zil. Dëse Marathon zielt fir de Lëtzebuerger Championnat a mir gratuléieren dem Laura fir […]
Ufanks der Woch war dem INAPS seng Diplomiwwerreechung fir Trainer a Jugen. Net manner wéi 8 Trainer a Jugë vum CAD goufe fir hir Efforten ausgezeechent. De Veräin zielt 4 nei Luxqf3 ausgezeechent Trainer: Tommy an Isabelle Bourscheid, Francois Klein a Marc Reuter. D’Tessy an de Steve Costantini hunn de Juge inférieur Schäin gepackt. Isabelle Bourscheid, […]