News
Um Jugendchampionnat Enn Januar hunn net nëmme vill vun eise jonken Athlete matgemaach, si hunn och gewise wat si kennen. Déi meescht gi mat neie Beschtleeschtungen heem a vill sinn op d’mannst an enger Disziplin ob de Podium geklommen. All d’Resultater fannt dir hei. 🥇 1. Plaz Laura Zeimet – Dräisprong Mia Bourscheid – Héichsprong Hannah Back – […]
Ob an de Leef, de Wierf oder de Spréng, eis Athlete sinn a Form a stelle lauter nei PBs ob de Regio Meetinger ob. Hei fannt dir d’Resultater: Regio Meeting 2 (05.01.2025) Regio Meeting 3 (11.01.2025) © Harry Daemen
De Weekend hunn eis CAD-Athleten d’Indoor Saison an der Coque lancéiert. Um Regio Meeting 1 sinn direkt e puer nei Beschtleeschtungen opgestallt ginn. All d’Resultater fannt dir hei.
Flott Leeschtung vun eisem Triathlet Franck Lopico, deen dëse Weekend op de Weltmeeschterschaften vum Ironman 70.3 zu Taupo a Nei-Zeeland matgemaach huet, an op déi exzellent 24. Plaz a senger Kategorie komm ass (vun 362) mat dëse Splits: 28:08 / 2:27:06 / 1:35:45. De Franck ass zefridden: “oui satisfait d’autant plus que le parcours n’était […]
Och um leschte Cross vun der Saison waren eis CAD-Athleten um Start. D’Liz an de Pol hunn hir staark Saison bestätegt a stoungen och hei um Podium. Fir de Fabio war et en éischte Laf – hoffentlech gesi mir hien d’nächst Saison méi dacks um Depart. D’Resultater fannt dir hei. Mam Saisonenn steet dann och […]