News
E Samschdeg 25. November, war eis traditionellt Fest fir d’Débutant(e)s a fir d’Scolaires, fir se fir hier Saison 2023 auszezeechnen. No engem flotte Nomëtteg an der Schwëmm gouf an der Bierenger Hal gefeiert. Déi jonk Athleten kruten hiren Champions Méritants Präis. Eng weider Belounung gouf et mat enger exzellenter Pasta déi vum Gaby, Jean-Paul, Marie-France, […]
Eng Ekipp vum CAD huet gëschter um Kids Cup virun der Ekipp vum CAEG a vum CAB/CAPA gewonnen. Felicitatiounen un eis jonk Athleten! Ganzer 15 Ekippen waren um Start. CAD 1, 127 Punkten CAEG 1, 104 Punkten CAB/CAPA, 102 Punkten CAD 2, 94 Punkten Celtic, 84 Punkten CAEG 2, 83 Punkten CSL 2, 65 Punkten […]
Leschte Weekend war zu Frankfurt de nationale Marathon Championnat. Den CAD war mat 3 vun 10 Leefer, déi bei de Männer un de Start gaange sinn extra gutt repräsentéiert. Am Beschte platzéiert huet sech de Samy Moussaïd, deen excellente Véierte gouf. D’Laura Grober misst säin Start verletzungsbedingt leider ofsoen – emsou méi schued, well just […]
Wärend déi eng nach Paus maachen oder schonn am Opbau sinn, schléissen Anerer grad hir Saison of, an nach Anerer starten an d’Cross/Trail Saison eran. Esou sinn d’Jennifer Chaussy an d’Claire Hagen de Sonnden, 22.10 um Ploschterprojet Trail matgelaf. Si sinn no 12km an 1:17:22 Stonnen, bspw 1:17:25 Stonnen an d’Zil komm. Parallel war zu […]
Datum: 14.10.2023 15:00 Uert: Diddeleng-Italien, Naturpark Haard, Diddeleng Wieder: lëfteg, zum Deel sonneg, 13°C Participantën: 94 Finishers: 94 Detailléiert Resultater Besicht déi entspriechend Säit bei RaceResult fir déi offiziell Resultater a Diplomer ze kucken. Lued de Gesamtklassement als PDF Datei erof. Biller vun 2023 Kuckt Iech d’Fotoen vun der Course an dëser Galerie un.