News

Op dem ageschränkten Eröffnungsmeeting vun der Saison, deen den 12. August zu Diddeleng war, huet d’Noémie Pleimling agangs direkt eng gutt Form gewisen an och fërmlech drop gelauert fir e neie Rekord opzestellen. Am éischten Essai am Speerwerfen huet et säin eegene Rekord em bal e Meter verbessert. Säi neie Rekord ass elo op 55,47m verbessert! Felicitatiounen !

Déi läscht Woch koum et zu enger éischter CAD Comitéssëtzung iwwert Teams wéinst de Restriktiounen duerch déi aktuell sanitär Kris. Aktuell Themen wéi d’Organisatioun vun de nächsten Evenementer wéi d’Championnat, d’Mehrkampfmeeschterschaften an den Tour de Dudelange, d’Ofhalen vu verschiddenen Trainingen, an d’Nohuelen vun der Generalversammlung goufen diskutéiert.

An deenen leschten Deeg hate mer ëmmer nach gehofft den Tour de Dudelange an d’National Stroossemeeschterschaften kënnen bäizebehalen, mä den aktuellen Kontext mëscht et leider net méiglech. Den CAD Comité huet decidéiert den dësjäregen Tour de Dudelange an d’10 km-Stroossemeeschterschaften ofzesoen. Déi Leefer déi sech schonns ageschriwwen hunn, wäerten deemnächst kontaktéiert ginn fir e Remboursement z’initiéieren.

Am Kontext vun de neien Mesuren déi vun der Regierung ëmgesat goufen fir d’Verbreedung vun COVID-19 anzedämmen, huet den CAD Comité missen decidéieren d’CAD Generalversammlung vum 14. Mäerz 2020 op e spéideren Datum ze verréckelen.

Bei den 104. Nationalen Cross-Country Meeschterschaften, hunn dëss CAD Athleten gutt Resultater op engem schwieregen Parcours mat vill Bulli realiséiert : Lys Stoffel : 2. Espoir Chloé Schmit : 4. Junior Noah Fries : 5. Espoir Pol Stoffel : 6. Minime Joy Havé : 11. Scolaire Mex Krecké : 12. Débutant Leonie Bressler : 12. […]