News

Genial Performance vun eisem Athlet Ben Sathre beim Marathon zu Frankfurt: 15. Plaz a Lëtzebuerger Meeschter an 2:16:02! Bravo, Ben!

Offiziel Resultater Gutt Prestatiounen haut vun eisen Athleten Liz Weiler (1.) a Paulo Ramos (2.) beim 9. Haard Trail. Dat schlecht Wieder erkläert warscheinlech di vergläichsweis niddreg Bedeelegung.

Bei der 77. Coupe du Prince konnt den CAB nees d’Coupe mat heem huelen. Di Bielesser hunn dofir 16165 Punkte gebraucht. Um Podium waren och nach den CSL (15714 Punkten) an den Celtic (15522 Punkten) Den CAD kënnt op di 5.Plaz mat 14189 Punkten.

Bei ideale Wiederkonditiounen huet d’Dammenekipp vum CAD fir di 4.Kéier hannerteneen d’Coupe des Dames gewonnen. Vill Zuschauer hunn um Kennedystadion fir gutt Stëmmung gesuergt.

Bei den «European Team Championships» zu Varazdin a Kroatien huet den Olivier Boussong, Athlet a Komiteesmember vum CAD, zesumme mam Lionel Evora Delgado, dem Pol Bidaine an dem François Grailet e neie Lëtzebuerger Rekord mat der 4x100m Staffel opgestallt. An der Zäit vun 41“28 hunn si den ale Rekord vun 1979, bei deem ënnert aneren […]