News

Neie Lëtzebuerger Rekord am Speerwerfe vum Noémie Pleimling dëse Weekend bei de nationale Meeschterschaften zu Schëffleng. Hatt verbessert säin eegene Rekord, deen et eréischt virun enger Woch opgestallt huet, em ganzer 56cm!! Di nei Beschtmark läit elo bei 54,25 m. Bravo Noémie! Weider CAD- Athlete konnte Podiumsplazen erreechen: Lara Marx (1. /100m Hecken,1. /Dräisprong,3./Diskuswerfen), Géraldine […]

Bei der Jugendkompetitioun vum Iechternacher Triathlon ass eisen Athlet Pol Stoffel (1.vu lénks op der Foto) op di 2.Plaz an der Kategorie C komm.

A nach eng Rekordverbesserung am Speerwerfe vum Noémie Pleimling bei enger Kompetitioun zu Bertrix/Belsch: mat 53,69m verbessert hatt säin eegene Rekord em 42cm!!

Bei der Bauhaus-Juniorengala zu Mannheim/Däitschland huet de Konstantin Moll e neie Rekord am Hummerwerfe mat 70,02m opgestallt. Domat erfëllt hien och d`Norm fir d’U20 Europameeschterschaften a Schweden.

Zwou Goldmedaile gouf et fir den Tom Habscheid beim Paralympics Grandprix zu Tunis! Hien huet d`Bommstousse mat 14.42 m an den Diskuswerfe mat 42,84m (11m virum 2.!!!) fir sech entscheet.