News
Gratulatiounen un d`Liz Weiler: hatt ass de Moie Meeschterin iwwer 10 000m op der Piste ginn.
D`Resultater vum oppene Meeting vun haut sinn um Site
Beim Werfermeeting huet d`Noémie Pleimling de nationale Rekord am Diskuswerfe mat 44,79m verbessert. D`Resultater sinn online.
Weider formidabel Leeschtung vun eiser Speerwerferin Noémie Pleimling! E Samschden huet hatt beim Challenge André Joannes zu Dampicourt/Belsch e neie Lëtzebuerger Rekord geheit. Hatt huet seng eege Beschtmark vum Februar ëm 144cm op 52,89m verbessert!
Haut gouf deen 1.Challenge Tageblatt bei schlechtem Wieder zu Diddeleng ofgehalen. D`Resultater sinn um Site ze fannen.