News

Bei de nationalen Halemeeschterschafte koumen dëse Weekend folgend CAD-Athleten op d`Träppchen: Lara Marx(1./60m Hecken-8“81, 1./Dräisprong-11,09m,3./Stafhéichsprong-3,00m, 3./Wäitsprong-5,45m), Lara Buekens (1./Stafhéichsprong-3,75m), Noémie Pleimling (2./Bommstoussen-12,12m,), Olivier Caron (2.FLA-Athlet/Bommstoussen-14,24m),Roy Michel (3./Stafhéichsprong-3,80m) an Tom Habscheid(3./Bommstoussen-12,62m). Felicitatiounen!!!

Gutt Noriichte vun den LBFA Halemeeschterschaften zu Gent/Belsch: de Florestin Pireaux verbessert seng perséinlech Beschtmark am Bommstoussen op 14,35m a gëtt domat 2..

Bei herrlechem Wanterwieder war den CAD-Cross deen haut de Mëtten an der Léih stattfonnt huet vun Athleten an Zuschauer gutt besicht.

CROSS LE’H LAF

17/01/2019

Dëse Sonnden, 20.Januar, organiséiert den CAD de 5.Cross Challenge Peters Sport zu Diddeleng am Parc Léih. Um 13:00 Auer ass di 1.Course.

Beim 1. Indoor Tageblattmeeting hu verschidden CAD-Athleten gutt Leeschtunge gewisen: d`Scolaire Carla Bellucci (1./Wäitsprong),d`Debutante Lambert (1./Wäitsprong), d`Debutante Sara Skoko (2. /Wäitsprong), de Minimme Ben Steimes (2./Bommstoussen), de Scolaire Luca Costantini (2./Héichsprong), de Scolaire Ilan Delfino Dubois(2. An der 2, Serie/800m, 6./Héichsprong), d`Minimme Caroline Kutten (6./Wäitsprong,6.an der 1. Serie/ 800m), de Minimme Yannick Berns (6./Bommstoussen), de […]