News

WERFERMEETING CAD

28/04/2019

Beim Werfermeeting huet d`Noémie Pleimling de nationale Rekord am Diskuswerfe mat 44,79m verbessert. D`Resultater sinn online.

Weider formidabel Leeschtung vun eiser Speerwerferin Noémie Pleimling! E Samschden huet hatt beim Challenge André Joannes zu Dampicourt/Belsch e neie Lëtzebuerger Rekord geheit. Hatt huet seng eege Beschtmark vum Februar ëm 144cm op 52,89m verbessert!

Haut gouf deen 1.Challenge Tageblatt bei schlechtem Wieder zu Diddeleng ofgehalen. D`Resultater sinn um Site ze fannen.

Bei frëschen Temperaturen hunn de Max Lallemang (Fola) an d`Liz Weiler vum CAD den 42. Tour de Dudelange gewonnen. De Paulo Ramos (CAD) koum op di exzellent 3.Plaz.

Gléckwënsch un d’ Liz Weiler, dat säin Titel bei de Cross-Meeschterschafte konnt verdeedegen. De Noah Fries koum och op de Podium. Hie gouf 2.bei den Espoiren.