News
Bei der Jugendkompetitioun vum Iechternacher Triathlon ass eisen Athlet Pol Stoffel (1.vu lénks op der Foto) op di 2.Plaz an der Kategorie C komm.
A nach eng Rekordverbesserung am Speerwerfe vum Noémie Pleimling bei enger Kompetitioun zu Bertrix/Belsch: mat 53,69m verbessert hatt säin eegene Rekord em 42cm!!
Bei der Bauhaus-Juniorengala zu Mannheim/Däitschland huet de Konstantin Moll e neie Rekord am Hummerwerfe mat 70,02m opgestallt. Domat erfëllt hien och d`Norm fir d’U20 Europameeschterschaften a Schweden.
Zwou Goldmedaile gouf et fir den Tom Habscheid beim Paralympics Grandprix zu Tunis! Hien huet d`Bommstousse mat 14.42 m an den Diskuswerfe mat 42,84m (11m virum 2.!!!) fir sech entscheet.
D`Resultater vun de nationalen Hindernismeeschterschafte sinn um Site ze fannen.