News

Gutt Resultater vum Mia Bourscheid beim Regio 1 Indoor Meeting, wou si 1.58 am Minimes Héichsprong komm ass. Aner gutt Leeschtungen goufen erstallt vun: Carla Bellucci (1.40m Héichsprong Minimes), Nadine Kremer (10.82 Bommstoussen), Jennifer Chaussy (10.23 Bommstoussen), Chloé Schmit (67″75 400m Juniors), Matteo Bellucci (56″72 400m Cadets) an Olivier Boussong (52″61 400m).

NEIT JOER 2020!

01/01/2020

Den CAD presentéiert all senge Memberen, Athleten, Trainer, Sponsoren, Supporter an aneren Frënn aus der Liichtathletik seng beschte Wënsch fir dat neit Joer 2020!

Beim éischten Indoor Meeting vun der Saison (Indoor Laf Meeting), ass den Olivier Boussong d’300m an 36″80 gelaf, de Matteo Bellucci ass no 39″75 iwwert d’Zillinn gelaf. Op den 1000m Scolaires ass de Noah de Backer-Muller 3:39″79 gelaf.

De 4. Cross war um schéine Site vum Ellergronn zu Esch. Folgend CAD-Athleten hu gutt Resultater realiséiert: d Lys Stoffel (1. Espoir), d’Chloé Schmit (3.Juniorin), de Mex Krecké (5. Debutant), de Nino Nonnweiler (10. Debutant), d’ Lena Schweitzer (14. Scolaire) an de Noah De Backer-Muller (14. Scolaire).

Beim 3. Cross am Bambësch koumen d’ Lys Stoffel (1.Espoir) an d ’Chloé Schmit (3. Juniorin) op de Podium. Weider gutt Placéierungen gouf et fir de Mex Krecké (6. Debutant), d`Liz Weiler (7. Seniorin),d`Joy Havé (9. Scolaire), d`Lena Schweitzer (12. Scolaire) an d`Dayna Thill-Goerend (13. Debutante)