News

E puer vun eisen Athleten hunn nach net genuch. Si sinn och nom Championnat nach hongreg no Beschtleeschtungen a maachen nach e puer Meetinger mat. Esou hunn eis Langstrecke Leefer der Hëtzt getrotzt an sinn de 15.8 um Äichdall Trail matgelaf. Hei hir Resultater. Enn August sinn d’Lilly an d’Nadine um Diskusabend zu Überherrn gestart. […]

Mat 7 x Gold, 11 x Sëlwer a 5x Bronze hunn eis Athletinnen an Athlete vum Cercle Athlétique Dudelange de Weekend op de Landesmeeschterschafte gutt ofgeraumt. Mir sinn awer net nëmmen houfreg ob all dës Podiumsplazen, mee och ob all Effort deen zu enger neier Beschtleeschtung gefouert huet, an där gouf et der och genuch. […]

Mat ville talentéierte jonke Athletinnen an Athleten, staarke Leeschtungen, groussem Teamgeescht a vill Motivatioun ass et der Härenekipp vum Cercle Athlétique Dudelange gelongen, déi 3. Plaz, an den Dammen déi 2. Plaz op der Coupe de Luxembourg ze erreechen. E grousse BRAVO fir déi exzellent Leeschtungen, de staarke Zesummenhalt an déi positiv Stëmmung an der […]

De Weekend hu 4 vun eisen Athleten um Mehrkampf Championnat, co-organiséiert mat der Ligue Belge Francophone d’Athlétisme (LBFA), deelgeholl. Si sinn alleguer mat Medailen heemkomm: 🔹 Cadets (U18) 🏅 Mex Krecke – Champion du Luxembourg 🔹 Juniors (U20) 🏅 Dylan Meyers – Champion du Luxembourg 🥈 Henri Weidert – Vice-champion du Luxembourg 🔹 Seniors 🏅 […]

De leschte Weekend ass d’Lëtzebuerger Delegatioun op Maribor gereest fir un den Ekippe-Europameeschterschaften – 3. Divisioun deelzehuelen. De CAD war mat fënnef Membere vertrueden: Lara (Stafhéichsprong), Liz (3000m Steeple), Noémie (Speer), Fanny (1500m) a Max (Speer). D’Lara Marx ass ënnert schwéiere Wandkonditioune 3,00 m gesprongen. Hat huet säi Concours roueg a souverän gemeeschtert an eng 5. […]